Kannerwonschbam
D’Aktioun Kannerwonschbam gëtt zënter 2012 un organiséiert. D’Iddi dohannert ass, dass och Kanner deenen et finanziell net esou gutt geet, e flotte Kaddo ënnert dem Beemche leien hunn.
Waren et 2012 nach ronn 50 Kanner, déi vun dëser Aktioun begënschtegt goufen, sou sinn et der haut iwwert 200.
Verständlech also, dass och d’Aktioun am Laf vun de Jore geännert huet. Uganks hunn d’Kanner hire Wonsch nach op e Stär geschriwwen. Dëse Wonsch gouf dann entweder vun engem Donateur oder vun der Gemeng erfëllt.
Well dëst bei iwwert 200 Wënsch awer net méi ze geréiere war, gouf virun 2 Joer en neie Wee ageschloen. D’Kanner kréien e Chèque-Cadeau, deen si an den Ettelbrécker Butteker, déi op Kannersaachen spezialiséiert sinn, kënnen aléisen. Deemno gëtt mat dëser Aktioun och de lokale Commerce ënnerstëtzt.
Ënnerstëtzt och Dir d’Aktioun Kannerwonschbam
Wann Dir d’Aktioun Kannerwonschbam wëllt ënnerstëtzen, da kënnt Dir dat andeems dir en Don op folgende Konto vun der Recette Communale maacht mam Vermierk „Kannerwonschbam“: IBAN LU29 1111 0010 4171 0000 (CCPL).