80 Joer Befreiung vun Ettelbréck

Vum 20.-22. September huet d’Stad Ettelbréck 80 Joer Befreiung gefeiert. Organiséiert goufen d’Feierlechkeete vum Musée Patton, mat der Hëllef vun der Stad Ettelbréck. Iwwert 3 Deeg gouf un déi schrecklech Zäit vum 2. Weltkrich geduecht a mat Dank op d’Befreiung duerch déi alliéiert Truppen erënnert. Ettelbréck gouf zweemol befreit: den 11. September 1944 an de 25. Dezember 1944.

Lassgaangen ass et freides, mat enger klenger Zeremonie beim Monument Dax-Thull. Hei gouf un 2 Ettelbrécker Jongen erënnert, déi de 5. September 1942 zu Hinzert erschoss goufen, nëmmen e puer Deeg nom Generalstreik.

Duerno hunn sech d’Invitéeën an all interesséiert Leit op der “Place de la jeunesse sacrifiée” afonnt, fir un déi Zwangsrekrutéiert ze erënneren. Hei gouf dat neit Monument “ons Jongen a Meedercher”, a Präsenz vum Kulturminister Eric Thill, ageweit.

Ettelbréck hat ronn 4.500 Awunner an de Krichsjoeren, dovunner goufen der 153 Jongen zwangsrekrutéiert (9 Jongen si net méi heem komm) an 30 Meedercher agezunn.

Et war e besonneg emotionale Moment, eng Partie Zäitzeien bei de Feierlechkeeten dobäi gehat ze hunn.

Samschdes Moies ass et dunn mat engem Tour duerch Ettelbréck weidergaangen, wou een déi verschidde Befreiungszeenen erklärt kritt huet.

Mëttes ass dunn eng Delegatioun vun Ettelbréck op den amerikaneschen Militärkierfecht zu Hamm gaangen, fir Blummen beim Graf vum Generol George S. Patton néier ze leeën. Bei dëser Zeremonie waren och den Thomas M. Barrett, Ambassadeur vun Amerika zu Lëtzebuerg, de Benjamin Patton esou wéi den Tiger Patton mat dobäi.

Duerno huet d’US Army Band e Concert op der Kiercheplaz zu Ettelbréck gespillt. Owes haten d’Studenten vun der Miami University vun Déifferdeng d’Méiglechkeet sech mam Benjamin Patton am Musée auszetauschen.

Sonndes Moies hate mir d’Méiglechkeet en Interview mam Benjamin an Tiger Patton ze maachen. Duerno hu si sech an d’Buch vun der Stad Ettelbréck agedroen.

Um Sonndeg ass de Cortège moies vun der Gemeng bis an d’Kierch gaangen. Duerno war eng Gedenkzeremonie beim Monument aux Morts.

Am Nomëtteg gouf dunn d’Gedenkzeremonie um Patton Square organiséiert, mat villen nationalen an internationale Vertrieder.

Duerno huet d’Parad mat Zaldoten an historesche Gefierer aus dem 2. Weltrich stattfonnt. D’Parad ass beim Patton Square gestart an ass dunn duerch Foussgänerzon a Richtung Däichhal gefuer. D’Ettelbrécker Musek huet d’Feierlechkeeten mat engem Concert op der Kiercheplaz ofgeschloss.

Suivant
Suivant

Ancienne fabrique de tabac MOSTERT