Reportages
Ettelbréck am Hierscht
Och am Hierscht huet Ettelbréck vill ze bidden: Hierschtkiermes a verkafsoppe Sonndeger wéi den Hierschtsonndeg an de Mantelsonndeg. Kommt bis op Ettelbréck a verbréngt flott Momenter mat ärer Famill a Frënn.
Theater zu Ettelbréck
Bei Konscht a Kultur zu Ettelbréck däerf den Theater net feelen. D’Gemeng huet zwee Theater Veräiner d‘ „Ettelbrécker Theaterfrënn“ an de „Rido op“. Donieft sinn et awer och d’Ettelbrécker Guiden, déi eemol am Joer de Guidentheater am CAPE opféieren.
Ettelbréck am Summer
Den 21. Juni fänkt de Summer zu Ettelbréck un! Fir e flotten an ofwiesslungsräiche Programm ass och dëst Joer nees gesuergt. Sief et duerch kulturell Manifestatiounen, Konscht, Aktivitéiten fir d’Kanner oder awer d’Natur genéissen.
Fréijoer zu Ettelbréck
Mam Fréijoer wat virun der Dier steet, fänken och erëm d’Fester un … och zu Ettelbréck. Vëlosdag am Däich, Wäikues, Fréijoerssonndeg, Ouschtersamschdeg oder awer d’Feierlechkeete fir déi 175 Joer Lëtzebuerger Verfassung, et gi vill Grënn fir am Fréijoer de Wee op Ettelbréck ze fannen.
Der Ettelbrücker Wochenmarkt: Klasse statt Masse
Schon früh zieht es freitags Besucher nach Ettelbrück, um ihre Frischeeinkäufe auf dem Markt zu erledigen. Rund 15 Händler bieten von 8 bis 12 Uhr eine breite Palette frischer, handverlesener Produkte an, die überwiegend regional erzeugt werden.
Quetschefest zu Waarken
De 26. September huet déi 2. Editioun vum Quetschefest zu Waarken stattfonnt.
Waarker Kiermes
Den 18. Juli huet déi 3. Editioun vun der Waarker Kiermes stattfonnt. Fir gutt Stëmmung a Spaass war gesuergt mat der Ausstellung vun den Oldtimer Trakteren, enger Danzpist, enger Keelebunn, der Performance vum Trial Club Waarken a weider flott Aktivitéite fir déi kleng Butzen.
En neie Veräin: Tëff Tëff Waarken
Kennt dir schonn den neie Veräin Tëff Tëff Waarken? De Veräin setzt sech fir d'Erhalen vun aler Landtechnik an alen Duerftraditiounen.