Iwwerschwemmungen zu Ettelbréck
An der Nuecht vum 14. op de 15. Juli 2021 gouf d’ganzt Lëtzebuergerland vu schlëmmen Iwwerschwemmungen getraff. De 15. Juli huet de Regierungsrot decidéiert d’Iwwerschwemmungen als eng national Naturkatastroph anzestufen an déi néideg Mëtteg zur Verfügung gestallt fir de betraffene Leit, Entreprisen a Gemengen ze hëllefen.
Mat 389 cm gouf d’HQ50 Norm (50 jähregt Héichwaasser) iwwerschratt. Zu Ettelbréck ass et bei Materialschued bliwwen an et huet kee missten evakuéiert ginn. D’Jongen aus dem Service des Régies, de Services Industriels, dem Projet Arcade esou wuel wéi d’Equipe vum CGDIS woren net nëmmen an der Nuecht selwer sur place, fir dat Schlëmmst ze verhënnerren, mee Si woren och déi Deeg duerno am Asaz fir dass d’Opraum- a Botzaarbechten séier virugaange sinn. Et huet bis den 16. Juli Owes gedauert, bis d’Uelzecht nees an hierem Bett wor.