Reportages
Héichwaasserschutz
Den 3. November 2022 gouf eng Formatioun fir ronn 30 Mataarbechter vum Service des Régies a vun de Services Industriels vun der Stad Ettelbréck an Zesummenaarbecht mam CGDIS zum Thema Héichwaasserschutz organiséiert.
Iwwerschwemmungen zu Ettelbréck
An der Nuecht vum 14. op de 15. Juli 2021 gouf d’ganzt Lëtzebuergerland vu schlëmmen Iwwerschwemmungen getraff. Mat 389 cm gouf zu Ettelbréck d’HQ50 Norm (50 jähregt Héichwaasser) iwwerschratt.